Wat si Mëttelwänn?

Mir Beieleit halen eis Beien a Këschten, wou Waben an eenzele Rimmercher vun de Beien ausgebaut ginn. Fir de Beie ze hëllefen, dass si net ëmmer musse bei Null ufänken, kréien si schonn en Deel vun de Wabe fäerdeg an d’ Rimmche gemaach. Déi Mëttelwänn mussen am Viraus aus Beiewues gemaach ginn.

D’ Beieleit kënnen hire Wues bréngen a kréien dann, nodeems d’ Mëttelwänn gewalzt sinn, Bescheed fir se sichen ze kommen. Mir walzen 2 Zellmoossen. 5,1mm an 5,4mm. Beieleit wësse, wat fir Zelle fir si am beschte fonctionéieren.