Startsäit
- Details
- Kategorie: Verschiedenes
- Zugriffe: 2298
Aktualitéiten
Eis Produktioun vu Mëttelwänn leeft geschwënn un. Informatiounen iwwer eis Mëttelwänn allgeméng hei: Walze vu Mëttelwänn
Wann dir är Bestellung wëllt opginn, da klickt hei: Mëttelwänn fir 2024/2025 bestellen
Eise kantonale Veieveräin a séng Aktivitéiten
Als Member vum Beieveräin an ärem oder engem anere Kanton hutt Dir e puer Videeler:
- Dir kritt regelméisseg mat der Post déi aktuell Beienzeitung. Hei kënnt Dir déi eeler Ausgabe liesen.
- Mir hun eng kollektiv Assurance fir eis Memberen.
- Dir kënnt Fudderzocker a Behandlungsmëttele zu Memberskonditioune bei eis bestellen.
- Dir gitt mat Zäit iwwer alles informéiert, wat mir fir Iech maachen.
Fir Member ze ginn, schéckt eng Email mat ärem Numm, ärer Postadress an ärer Telefonsnummer un de Webmaster vun deem heite Site an iwwerweist d' Cotisatioun vu 45.-€ op eise Postscheck LU73 1111 0002 4349 0000 mat der Mentioun “Cotisatioun”. Duerno gitt dir bei der Beiefederatioun ugemellt. Vun do u kritt Dir all Joers matgedeelt, wéini déi nei Cotisatioun ze bezuelen ass.
Wat mir soss nach esou maachen:
Zu Lëtzebuerg sinn d’ Beieveräiner a Kantoner agedeelt. All Kanton ee Veräin. Déi 12 Kantonalveräiner hunn als Daachverband d’ FUAL (Fédération des Unions d'Apiculteurs du Grand-Duché de Luxembourg). Am einfachsten ass et fir Beieleit, si schaffe mat dem Veräin aus hirem Kanton zesummen. Dat ass awer kéng Mussesaach.
Net all Kantonalveräin bitt all beiebezunne Servicer un. Wat am Ganzen ugebuede gëtt, fannen interesséiert Beieleit op der Säit vun der FUAL. Mir am Kantonalveräin Capellen organiséiere virun allem Mëttelwänn aus Beiewues ze walzen, de kollektiven Akaf an d’ Verdeelung vu Beiefudder, d’ Verdeelung vu Behandlungsmëttelen an d’ Verwaltung vun der Begattungsplaz zu Féngeg.
Wer sich für die 1884 begonnene Vereinsgeschichte interessiert, findet hier eine Zusammenfassung.
Mëttelwänn fir 2024/2025 bestellen
- Details
- Kategorie: Administration se la société
- Zugriffe: 48
Et ass un der Zäit, äre Wues ofzegi fir Mëttelwänn maachen ze loossen. Hei de Formulaire, dee bei all Bestellung muss derbäi sinn.
Formulaire fir Mëttelwänn hei eroflueden
Fir déi verschidde Moossen: Moost är bestoend Mëttelwänn an/oder kuckt op Wikipedia Begriff:Rähmchen