D ‘Zäit vergeet an et ass elo déi 4. Editioun vum nationale Hunneg Concours den de Beieveräin Capellen organiséiert.

 

Wéini: Samschdes den 23. November 2019

Wou:  Am Festsall zu Kënzeg (Clemency) rue de Sélange L-4965 Clemency

Wien kann matmaachen:  All Beienziichter dee Beien hei am Land stoen huet.

 

Firwat en Hunneg Concours ? 

Mer hunn ganz gudden Hunneg  hei zu Lëtzebuerg an dofir wëlle mer d ‘Diversitéit an d ‘Qualitéit vun eisem Hunneg weisen, an net ze vergiessen de “savoir-faire” vun de beschte Beienziichter belounen.

 

Wéi funktionéiert dat ?

  • Den Hunneg gëtt als éischt am Labo analyséiert.
  • De Jury (Beienziichter, Vertrieder vun der Marque Nationale, Konsumenten a Vertrieder vum Handel) évaluéiert den Hunneg  op Ausgesinn, Geroch, Konsistenz a Geschmaach.

 

MATMAACHEN lount sech ! Mir hunn vill potential…

D’Beienziichter mat dem beschten Hunneg kréien en Diplom (Gold, Selwer oder Bronze). De „Prix du Jury“ belount besonnesch gudden respektiv originellen Hunneg. AN… op all jonk Beienziichter (déi zanter manner wie 3 Joer Beien halen) waart ee „Prix d ‘Encouragement“.

D ‘Reglement an den Umeldungsformulaire kommen an déi nächst Beienzeitung.

Alors, bienvenue à toutes les amatrices et tous les amateurs 😊

 

NET ZE VERPASSEN : Aschreiwen kann ee sech bis den Méinden, 07. Oktober 2019

Weider Informatiounen sinn och disponibel um Internet op www.honeyshow.eu

Envoyer par e-mailBlogThis!Partager sur TwitterPartager sur FacebookPartager sur Pinterest