De Beieveräin Capellen organiséiert am November ee nationalen Hunnegconcours

 
 
Matmaachen kann all Imker, dee Beien zu Lëtzebuerg stoen huet. Mat dësem Concours wëlle mer d’Diversitéit an d’Qualitéit vum Lëtzebuerger Hunneg weisen, an de Savoir-faire vun de beschten Imker belounen.

D‘Hunneger wäerten als éischt am Labo vum CARI an der Belsch analyséiert ginn. Bei der Dégustatioun évaluéiert de Jury d’Hunneger dann op Ausgesinn, Geroch, Konsistenz a Geschmaach.
De Jury setzt sech zesummen aus Imker, Vertrieder vun der Marque nationale, Konsumenten a Vertrieder vum Handel.

Matmaachen lount sech!

D’Imker mat de beschten Hunneger kréien en Diplom (Gold, Sëlwer oder Bronze). De “Prix du Jury” belount besonnesch gutt oder originell Hunneger, an op all jonk Imker (déi zanter manner wi 3 Joer Beien halen) woart ee “Prix d’encouragement”. Ënnert all Teilnehmer um Concours wäerten Akafsbongen vun eise Sponsoren am Gesamtwert vun iwwert 1.500 Euro verloust ginn. Eise Sponsoren am Viraus dofir ee grousse Merci!

Di feierlech Präisiwwerreechung mat Éierewäin ass de 25. November zu Kënzeg (Clemency).

Aus praktesche Grënn gëtt den Délai fir Hunneg fir de Concours ofzeginn verlängert:
Läschten Délai ass de 9. Oktober um Beiendag am Mëllerdall!