Apiculteurs du Canton de Capellen
Association sans but lucratif
R.C.S. Luxembourg F 8559
Boîte postale 37
L-8201 Mamer
CCPL LU73 1111 0002 4349 0000
BCEE LU61 0019 2755 7908 0000
www.apiscapellen.lu
Léif Imkerinnen an Imker,
Léif Frënn vum Caper Beieveräin,
Heimat luede mer Iech an op eis
Generalversammlung,
e Samschdeg, den 29. Januar 2022 um 16.00 Auer,
zu Klengbetten am Hotel-Restaurant Jacoby
Programm
1. Begréissung, duerch d ‘Presidentin Evelyne Zoller
2. Tätegkeetsbericht 2021 - Guy Schons
3. Keessebericht 2021 - Pierre Kieffer
4. Bericht vun den Keesserevisoren - Roby Ney an Arsène Mathias
5. Am Comité sinn nach 2 Plaaten fräi:
Kandidaturen si bis virum Ufank vun der Generalversammlung schrëftlech un d ‘Presidentin riichten:
Zoller Evelyne 15, rue Roosevelt L-4662 Differdange oder per email Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.
6. Programm 2022
7. Fräi Aussprooch
Den Joé Molitor mécht en Réckbléck op d’Beiejoer 2021 respektiv engem Ausbléck op 2022.
Iessen
De Veräin offréiert all Member no der Generalversammlung Ham, Fritten an Zalot. Net-Memberen kënne natierlech
och mat iessen, mussen sech awer un den Onkäschten bedeelegen.
Umeldung
Aus organisatoreschen Grënn ass eng Umeldung vir d’ Versammlung an Iessen bis spéitstens den 24. Januar beim
Sekretär (621 654 954 oder Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.) erwënscht.
Mat beschte Gréiss,
Evelyne Zoller Guy Schons
Presidentin Sekretär
1884 –2022
Cotisatioun 2022
Mer bieden Iech d‘ Cotisatioun fir 2022 vu 45 Euro (50 Euro fir Memberen mat Adress ausserhalb vu Lëtzebuerg) op eise
Postscheck LU73 1111 0002 4349 0000 mat der Mentioun “Cotisatioun 2022” bis spéitstens den 15. Februar 2022 ze
iwwerweisen.
Opgrond vun der aktueller sanitärer Situatioun ënnerläit d’ Versammlung dem CovidCheck Plus System ("2G+").
Persounen iwwer 12 Joer an 2 Méint mussen en Geimpft- oder Geheelt-Certificat virweisen, an een SARS-CoV-2-Schnelltest op der
Plaz maachen oder ee valabelt negatiivt Testresultat vun engem NAAT-Test (PCR, TMA oder LAMP Methoden) oder engem
zertifiéierten Antigène-Schnelltest op SARS-CoV-2 virweisen.
Persounen, déi
• en Impfcertificat hunn, dee virun 180 Deeg oder manner ausgestallt gouf
• e Certificat vun engem Impf-Rappel (Booster) hunn
• oder e Geheelt-Certificat hunn, dee bis 180 Deeg gülteg ass
si vun dëser Testflicht net betraff.