Invitatioun op eis Generalversammlung

 
Heimat luede mer Iech an Är Famill an op eis Generalversammlung e Samschdeg, 31. Januar 2015 um 15.00Auer am Hotel-Restaurant Jacoby zu Klengbetten .

Programm
1. Begréissung, duerch de President Roger Dammé
2. Tätegkeetsbericht 2014, duerch de Sekretär Guy Schons
3. Keessebericht 2014, duerch den Trésorier Pierre Kieffer
4. Bericht de Keesserevisoren Lex Kraus an Mario Schmitz
5. Deelweis Erneierung vum Comité
Et trieden aus a kënnen erëm gewielt ginn: Dammé Roger, Hoffmann Antoine, Molitor Joé, Ney Robert, Chierici Amadeo, Zoller Marcel Zousätzlech ze besetzen: eng Platz
Kandidaturen si bis virum Ufank vun der Generalversammlung schrëftlech un de President riichten: Roger Dammé, 28 Cité Charles de Gaulle, L-4951 Bascharage, oder per Mail un Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

6. Virstellen vum Programm 2015
7. Fräi Aussprooch

Uschléissend Diskussioun
  • iwwert di aktuell Situatioun vun eise Beievölker,
  • iwwert d’Méiglechkeeten an d’Grenzen vun der Varroabehandlung duerch zäitweis Aspären vun der Kinnigin an engem Käfeg,
  • iwwert dee neien Beroder-service vun der Federatioun
  • ...

Mer bieden Iech de Beitrag 2015 (35 Euro, 42 Euro fir Memberen mat Adress ausserhalb vu Lëtzebuerg) op eise Postscheck LU73 1111 0002 4349 0000 mat der Mentioun “Beitrag 2015” ze iwwerweisen. De Beitrag muss bis spéitstens den 31. Januar 2015 bezuelt sinn.

De Veräin offréiert all Member no der Generalversammlung Ham, Fritten an Zalot.

Mat beschte Gréiss,

De Comité.