Praktesche Séminaire iwwert d’Betribsweis mam Dadant Magazin den 3. Mee 2014 zu Nouspelt

Eise Beien ass de Modell vun der Beiekëscht, an där si hiert Brutnascht maachen an de Hunneg sammelen, wahrscheinlech egal. Fir den Imker ass dat awer ee wichtege Choix, well spéider Investissementer (zB. weider Beievölker oder Hunnegschleider) dovun ofhänken.
DADANT ass eng zimlech gängeg Mooss, fir déi een bei deene meeschten Fournisseuren och ëmmer Ersatzmaterial ka kréien. DADANT Magaziner hu just ee Brutraum, wat de Beien entgéint kënnt an dem Imker d’Schaffen un de Beien erliichtert.

Programm

9h00 Rendez-vous zu Nouspelt, am Centre Culturel (Ancienne école 4, rue de l’école)
Accueil a Kaffi
9h30 Virstellen vun der Dadant Beiekëscht
Asaz vu Mëttelwänn am Brut- an am Hunnegraum, an Naturwabebau
Proppere Wues duerch den “oppene Wueskreeslaf”
10h30 Paus
Beien halen mam Dadant Magazin (Betribsweis)
Varroabehandlung
12h00 Mëttegiessen am “Café beim Armand” zu Nouspelt
13h30 Départ mam Auto op de Beiestand zu Dondel “Telpeschholz” (5’ mam Auto)
14h00 Praxis um Beiestand
Erstellen vu jonke Beievölker
17h00 Enn vum Séminaire

Fir Kaffi a a Gedrénks während de Pausen ass gesuergt.

Umeldung beim Sekretär Guy Schons, T. 35 61 62, Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.
Bedeelegung un den Onkäschten (incl. Mëttegiessen, Gedrénks während de Pausen an eng schrëftlech Dokumentatioun iwwert Dadant Betribsweis): 20 Euro, am Viraus ze iwwerweisen op den CCPL LU73 1111 0002 4349 0000, bis spéitstens den 25. Abrëll 2014. D’Iwwerweisung gëllt als Umeldung. Aus praktesche Grënn ass d’Zuel vun den Teilnehmer op 40 begrenzt.

Interesséiert Leit kënne vum Veräin eng komplett équipéiert Dadant Beiekëscht, mat engem jonke Beievollek kafen.

D’Beiekëschte gi Sonndes, den 13. Abrëll, op der 27. Internationale Fréijorsversammlung fir Imker zu Keespelt geliwwert a mussen do op der Plaz ewech geholl ginn. Bis zum Séminaire bleift dann Zäit fir d’Këschten doheem mat enger ëmweltfrëndlecher Fuerw unzesträichen.
Während dem Séminaire huet een d’Méiglechkeet d’Mëttelwänn an d’Rimmercher anzeléiden.
D’Völker, mat jonke Kinniginnen, gi Nomëttes am Séminaire a Form vun Ableger an d’Dadant Magaziner gesat a kënne géint der Owend vun hiren zukënftege Propriétairen ewech geholl ginn.

Et sti maximal 30 Këschten a Beievölker zur Verfügung.
Umeldung beim Sekretär Guy Schons, T. 35 61 62, Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.
Eng komplett equipéiert Dadant Beiekëscht(*) mat engem jonke Beievollek kascht 290 Euro, am Viraus ze iwwerweisen op den CCPL LU73 1111 0002 4349 0000, bis spéitstens de 7. Abrëll 2014. D’Iwwerweisung gëllt als Bestellung.

(*) Gitterbuedem, Brutraum mat Rimmercher a Mëttelwänn, Absperrgitter, 2 Hunnegräim mat Rimmercher a Mëttwänn, Holzdeckel mat Isolatioun, Fuddertrach, Blechdeckel)