Invitatioun op den praktesche Cours iwwert d’Zuucht vu Kinniginnen

 

De Beieveräin Capellen organiséiert och dëst Joer erëm e praktesche Cours iwwert d ‘Zuucht vu Kinniginnen, mat individueller Aweisung an d' Ëmlarven,

 

E Samsteg, den 25. Mee 2019 um 13h00 beim Jos Guth zu Trënteng (Trintange)


Zuucht vu Kinniginnen ass manner komplizéiert wéi dat oft duergestallt gëtt. De Jos weist eis, wéi een och als Imker mat nëmmen e puer Beievolleker mat einfache Mëttelen ka Kinniginnen ziichten.

Aus praktesche Grënn ass d ‘Zuel vun den Teilnehmer op 30 begrenzt. Eng Umeldung am Viraus ass dofir obligatoresch. Umellen kann ee sech beim Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein., bis spéitstens de 22. Mee. D ‘Participatioun kascht näischt.
Fir Gedrénks während de Pausen ass gesuergt.

Envoyer par e-mailBlogThis!Partager sur TwitterPartager sur FacebookPartager sur Pinterest