Seminar iwwert Zuucht vu Kinniginnen mam Jos Guth

 
De Beieveräin Capellen organiséiert ee

Praktesche Cours iwwert d’Zuucht vu Kinniginnen, mat individueller Aweisung an d'Ëmlarven!

Den 21. Mee 2016 um 13h00 beim Jos Guth zu Trintange

Zuucht vu Kinniginnen ass manner komplizéiert wéi dat oft duergestallt gëtt. De Jos weist eis, wéi een och als Imker mat nëmmen e puer Beievölker mat einfache Mëttelen ka Kinniginnen ziichten.

Aus praktesche Grënn ass d’Zuel vun den Teilnehmer op 30 begrenzt. Eng Umeldung am Viraus ass dofir obligatoresch. Umellen kann ee sech beim Guy Schons, T. 35 61 62, Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein., bis spéitstens de 17. Mee. D'Participatioun kascht näischt.
Fir Gedrénks während de Pausen ass gesuergt.