Generalversammlung 2017

 
Eis Generalversammlung ass den Samschdes, den 21. Januar 2017 um 15h30 am Hotel-Restaurant Jacoby zu Klengbetten.

Programm

  1. Begréissung, duerch de President Roger Dammé
  2. Tätegkeetsbericht 2016, duerch de Sekretär Guy Schons
  3. Keessebericht 2016, duerch den Trésorier Pierre Kieffer
  4. Bericht vun de Keesserevisoren
  5. Festleeën vun der Cotisatioun fir 2018
  6. Deelweis Erneierung vum Comité
    Et trieden aus a kënnen erëm gewielt ginn: Gidt Georges, Glesener Georges, Guth Jos, Jung Guy, Kieffer Pierre, Schons Guy, Thewes Frank
    Zousätzlech ass 1 fräi Platz ze besetzen.
    Kandidaturen si bis virum Ufank vun der Generalversammlung schrëftlech un de President ze riichten: Roger Dammé, 28 Cité Charles de Gaulle, L-4951 Bascharage, oder per Mail un Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.
  7. Programm 2017 an 2018
  8. Fräi Aussprooch
Uschléissend ee Beitrag vum Jos Guth iwwert di aktuell Situatioun vun eise Beievolleker,
mat engem Réckbléck op d’Beiejoer 2016 an engem Ausbléck op 2017.

Cotisatioun 2017

Mer bieden Iech d’Cotisatioun fir 2017 vu 45 Euro (50 Euro fir Memberen mat Adress ausserhalb vu Lëtzebuerg) op eise Postscheck LU73 1111 0002 4349 0000 mat der Mentioun “Cotisatioun 2017” bis spéitstens den 31. Januar 2017 ze iwwerweisen.

Iessen

De Veräin offréiert all Member no der Generalversammlung Ham, Fritten an Zalot.
Umeldung bis spéitstens den 14. Januar beim Sekretär (621 654 954 oder Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.). Net-Memberen kënne natierlech och mat iessen, mussen sech awer un den Onkäschten bedeelegen.