Nom Succès vun der Konferenz iwwert de Propolis op eisem läschte läschte Colloque invitéiert de Beieveräin Capellen op eng Konferenz a praktesch Formatioun iwwert Propolis.

Adress: Zu Olm, am Haus vum SICONA, 12 rue de Capellen

Freideg, 14 November, 19h00 - Konferenz vu der Madame Françoise Sauvager, Wëssenschaftlerin an der Microbiologie op der Universitéit Rennes, referéiert iwwert d’Origine an déi gutt Eegeschaften vum Propolis

Samschdes, 15 November, 9h00-16h30: Prakteschen Stage iwwert Hirstellung vun Produkten op der Basis vun Propolis, mat Mme Françoise Sauvager an Tun Hoffmann.