Den 30.6. hate mir eise Grillowend op der Begattungsplaz Féngeg. Bei där Geleeënheet huet den Andreas Reichart eis erklärt, wéi mat engem Refraktometer de Waassergehalt vum Hunneg gemooss gëtt.

Hei e klénge Résumé vum Cours iwwer de Refraktometer:

Hunneg gëtt ëmmer flësseg gemooss. Wann Zockerkristaller dra sinn, ass d' Moossung falsch. Et kann een den Hunneg och direkt aus der Hunnegzarge moossen an esou erausfannen, ob e räif ass fir ze schleideren. Hunneg soll manner wéi 18% Waassergahelt hunn. Munchmol gëtt och manner wéi 17% verlaangt.

De Refraktometer soll ee mat engem fiichte Schwamp oder Schwampduch propper maachen. Kichepabeier ass mat Ozon gebleecht, wat dem Glas vum Refraktometer schuede kann.

Hunneg a Refraktometer mussen déi selwécht Temperatur hunn, wann de Refraktometer eng Temperaturkompensatioun huet. Huet en déi net, da muss den Hunneg 20°C hun, wat eventuell komplizéiert ass. Et gëtt Korrekturtabelle fir aner Temperaturen. Also Thermometer an Tabell net vergiessen.

Den Hunneg gëtt mat engem Plastikleffel oder mam Fanger um Glas vum Refraktometer verdeelt. Kee Metall!

Fir ze kontroléieren, ob de Refraktometer korrekt uweist, kann een Referenzhunneg oder Ueleger benotzen. Referenzhunneg ass Hunneg, deen an engem Laboratoire gepréift ginn ass. Fir folgend Ueleger gëtt e en entspriechende Waassergehaltwert bei 20°C:

  • Sonneblummenueleg: 24,8-25,2
  • Olivenueleg: 27-27,2
  • Nelkenueleg: 19,6

Opgepasst bei Nelkenueleg: Do muss een a Plaz vum Plastikdeckel e Prismeglas benotzen. Nelkenueleg léist de Plasitk op, sou dass de Refraktometer beschiedegt gëtt.

Hei nach en Text, iwwer de Refraktometer: https://www.bienenjournal.de/imkerpraxis/refraktometer-fuer-honig/

Fir déi Interesséiert ass duerno eng Visite op der Begattungsplaz gemaach ginn.

Den Owend gouf mat Iessen an Drénken ofgeschloss.