De Beieveräin Capellen organiséiert och dëst Joer en nationalen Hunneg Concours.

Matmaachen kann all Beienziichter, dee Beien zu Lëtzebuerg stoen huet. Mat dësem Concours wëlle mer d ‘Diversitéit an d ‘Qualitéit vum Lëtzebuerger Hunneg weisen, an de Savoir-faire vun de beschte Beienziichter belounen.

D‘Hunneger ginn als éischt am Labo analyséiert. 

Bei der Degustatioun évaluéiert de Jury d’ Hunneger dann op Ausgesinn, Geroch, Konsistenz a Geschmaach. De Jury setzt sech zesummen aus Beienziichter, Vertrieder vun der Marque nationale, Konsumenten a Vertrieder vum Handel.

 

Matmaachen lount sech!

D’ Beienziichter mat de beschten Hunneger kréien en Diplom (Gold, Sëlwer oder Bronze). 

De “Prix du Jury” belount besonnesch gutt oder originell Hunneger, an op all jonk Beienziichter (déi zanter manner wie 3 Joer Beien halen) waart ee “Prix d ‘Encouragement”

 

Di feierlech Präisiwwerreechung ass Sonndes, den 18. November um Beiendag 2018 zu Kënzeg.

Aschreiwen kann ee sech bis den 01. Oktober 2018.

Wéi funktionéiert dat ?

  • Den Hunneg gëtt als éischt am Labo analyséiert.
  • De Jury (Beienziichter, Vertrieder vun der Marque Nationale, Konsumenten a Vertrieder vum Handel) évaluéiert den Hunneg  op Ausgesinn, Geroch, Konsistenz a Geschmaach.

 

MATMAACHEN lount sech ! Mir hunn vill potential…

D’Beienziichter mat dem beschten Hunneg kréien en Diplom (Gold, Selwer oder Bronze). De „Prix du Jury“ belount besonnesch gudden respektiv originellen Hunneg. AN… op all jonk Beienziichter (déi zanter manner wie 3 Joer Beien halen) waart ee „Prix d ‘Encouragement“.

D ‘Reglement an den Umeldungsformulaire kommen an déi nächst Beienzeitung.